LuxCook

Wëllkomm op LuxCook! Hei fannt Dir gutt Kachrezepter, mat engem gudde Goût!

Sauce poivre

Sauce Poivre Mise en place Ingredienten E gudd Stéck Fleesch Grénge Peffer Botter Cognac oder Brandy Ueleg, Olivenueleg Ram Salz Pfeffer Pefferkären (schwaarzer oder grénger, am beschten grénger) Material Pan Schnéibiesem Zaang Rezept Fleesch Fleesch mat Salz a Peffer areiwen an an eng gliddeg Pan mat wéineg (Oliven)Ueleg geheien Fleesch kache wei een et gären hätt an aus der Pan huelen Fleesch op een Teller op d’Säit leeën Zooss Brandy oder Cognac an der (nach waarmer Pan) maachen Extrem vill Botter dobäi ginn an den Alkohol verkache loossen Pefferkären dobäi ginn an och ee bësse Ram Kache loossen bis dass d’Zooss ganz déck ass Fäerdeg maachen...

September 7, 2024 · Niederkorn Damon

Poulet à la Chasseur

Poulet à la Chasseur Mise en place Ingredienten Oliven Ueleg Botter Eng Schallott (a reng Würfele geschnidden) Zwou Poulets Brëschtchen (a 4 dënn Filete geschnidden) Brandy Wäise (Riesling) Wäin Tomate Jus Hinger Britt Estragon (gerappt) Champignonen (geschnidden) Eng Tomat (a Würfele geschnidden) Péiterséileg (gerappt) Material Messer Briet “Non Stick” Pan Pan Läffel Rezept Zooss Eng Pan mat Olivenueleg waarm maachen, an de Poulet ubroden. D’Pan ofkille loossen, a Botter bei de Poulet bäi ginn....

August 25, 2024 · Niederkorn Damon

Penne all Arrabbiata

Penne all’Arrabbita Mise en place Ingredienten Penne Passata di Pomodoro Pecorino Romano 1 Chili (mat engem Mörser zu enger Zort Bräi zerdrécken) Basilikums Blieder (a Chiffonade geschnidden oder mat den Hänn méi spéit zerrappt) Péiterséileg (réng geschnidden) Knuewelek Peffer Salz a grafft Salz Ueleg (Oliven, extra vierge) Material Messer Briet Eng Press fir Knuewelek Mörser mit Pistil déckt Dëppen Pan mat groussem ronnem Bord Läffel Seibecken Taass Rezept Nuddele kachen Een déckt Dëppe mat Waasser a Salz opsetzen....

Juli 1, 2024 · Niederkorn Damon

Spaghetti Carbonara

Spaghetti Carbonara Mise en place Ingredienten 200g Guanciale (A Würfele geschnidden) 200g Pecorino Romano (réng gerappt) 300g Spaghetti 4 Eeër Peffer grafft Salz Material Messer Briet Pan déckt Dëppen Zaang fir ze kachen Schnéibiesem Seibecken Schossel Taass Rezept Nuddele kachen Een déckt Dëppe mat Waasser a Salz opsetzen. D’Spaghetti dra maachen an eng Minutt manner wei uginn ass kache loossen. Eng Taass Nuddelwaasser halen. Dono d’Spaghettien an der Seibecken ausschëdden. Guanciale preparéieren Iwwerdeems d’Waasser ufänkt mat kachen, den a Würfele geschniddenen Guanciale an enger kaler Pan ouni Fett ubroden....

Juli 1, 2024 · Niederkorn Damon

Wäinzoossiss mat Moschterzooss

Wäinzoossiss mat Moschterzooss a Püree Mise en place Ingredienten Moschter, Moschterkären Wäinzoossiss Ram Gromperen Schallotten (Julienne geschnidden) Salz Material Messer Pan Schnéibiesem Läffel Zang fir ze kachen Teller Rezept Wäinzoossiss Wäinzoossiss mat Ueleg an enger gliddeger Pan ubroden. D’Wäinzoossiss op een Teller leeën an d’Pan net ofmaachen. Zoos Schallotten mat ee bëssen Ueleg an der Pan op Medium hëtzt ubroden, bis karamelliséiert. Pan ofkille loossen an da mat Ram ofschrecken. Zwee gutt Iessläffel Moschter, Moschterkäre, Salz a Peffer dobäi maachen....

Juli 1, 2024 · Niederkorn Damon